Haben Sie Fragen? Einfach anrufen, wir helfen gerne: Tel. 089/210233-0
oder besuchen Sie unser Ladengeschäft in der Pacellistraße 5 (Maxburg) 80333 München
+++ Versandkostenfreie Lieferung innerhalb Deutschlands
Haben Sie Fragen? Tel. 089/210233-0

Wéi de Mënsch ass

24,50 €*

Sofort verfügbar, Lieferzeit: 1-3 Tage

Produktnummer: 18870f3393fd3c40d7913a11533e9b07f6
Autor: Klein, Mars
Themengebiete: 20 Jahrhundert Briefmarken Gedichte
Veröffentlichungsdatum: 06.09.2023
EAN: 9782919792306
Sprache: metaCatalog.groups.language.options.luxembourgish; letzeburgesch
Seitenzahl: 184
Produktart: Kartoniert / Broschiert
Verlag: Editions Schortgen
Untertitel: Lëtzebuergesch Gedichter vum 20. Joerhonnert
Produktinformationen "Wéi de Mënsch ass"
Bei den Editions Schortgen koum 2017 d’Buch Wat d’Hémecht war eraus mat kommentéierte Lëtzebuerger Gedichter von 1800 bis haut. Hei en zweete Band mat Gedichter nëmmen aus dem 20. Joerhonnert: Texter vum Auguste Liesch, Putty Stein, Pir Kremer, Roger Manderscheid, Guy Rewenig, Josy Braun, Serge Tonnar a munnech aneren, déi de Mënsch weisen als Natur-Begeeschterten, Jazz-Freak, Teater-Mécher, Plogeescht am Tram, Miniärs-Aarbechter, Schlappen-Tourist, Doper am Sport, groussen Téinert, jonke Klasse-Clown. An diversen Situatiounen also vun eiser schéiner, verwuerelter Existenz als Homo sapiens. All Gedicht ass a séngem zäitbedéngten sozialen a kulturelle Kontext kommentéiert Am zweeten Deel geet et op d’Rees. Op e klasseschen Hexebierg, de Brocken am Haarz, bei zwee bombastesch däitsch National-Monumenter an op de Kyffhäuser an Thüringen, wou zënter Joerhonnerten de Keeser Barbarossa schlofe soll. Et sinn spannend Reportagen aus der Radio-Zéri Ënnerwee op eng historesch Plaz. No ville kulturellen a kulturpoliteschen Artikelen fir d’Zeidungen Tageblatt a Lëtzebuerger Land huet de Mars Klein zënter 2011 eng ganz Rëtsch Émissione geschriwen fir den nationale Radio 100,7. Déi meescht vun den Texter am Buch – awer nët all – si liicht iwerschafften Aarbechten fir d’Antenn. Editions Schortgen huet mam éischte Buch Wat d’Hémecht war et 2017 derwert fonnt – a fënnt mam zweete Buch Wéi de Mënsch ass et elo derwert, datt „dës litteraresch Wuer“ nët an den audiophonen Archiver vergiëss gët – mee op Pabeier gedréckt enger méiglechst breeder Liëserschaaft fir nozebliëderen an nozedenken virläit. Datt och dës Kéier d’Buch illustréiert ka sinn mat Timberen aus der Geschicht vun der Lëtzebuerger Post, ass e Glécksfall. Nët nëmmen, well Post Philately e ganz koopératiwe Partner ass – Merci dem Här Emile Espen a sénger Ékipp, awer virun allem, well an hirem Katalog esou vill historesch a kulturell interessant Käppercher ze fanne sinn, déi bei d’Texter gutt passen. Et däerf een hoffen, datt d’Zesummenaarbecht vun Auteur / Éditionshaus mat der Post och eng Plus-Value ass fir de schéine Sammeler-Objet Timber.

Sie möchten lieber vor Ort einkaufen?

Sie haben Fragen zu diesem oder anderen Produkten oder möchten einfach gerne analog im Laden stöbern? Wir sind gerne für Sie da und beraten Sie auch telefonisch.

Juristische Fachbuchhandlung
Georg Blendl

Parcellistraße 5 (Maxburg)
8033 München

Montag - Freitag: 8:15 -18 Uhr
Samstags geschlossen